Aucune génération n’est laissée de côté à Dudelange et encore moins en matière de sport et de loisirs. Conscients qu’être actif est primordiale pour le bien-être physique et psychologique d’un individu, quel que soit son âge, nous tenons donc à mettre à disposition des solutions pour nos seniors. Puisque la pratique d’une activité physique permet également de lutter contre l’isolement, notre Ville se mobilise pour faire bouger ses habitants !

Quelques brasses pour garder la forme !

C’est prouvé, faire du sport est bon pour la santé et, surtout, permet de rester actif. Très attachés à l’idée que nous avons pour mission de prendre soin de nos citoyens, notre Ville s’est dotée d’infrastructures et d’équipements de qualité, rendant la discipline sportive accessible à tous.

Nous conseillons ainsi vivement à tous de profiter des piscines de notre localité. Deux bassins sont à disposition : le premier, couvert et avec 6 couloirs de nage, est situé au centre sportif René Hartmann et, le second, en plein air, permet de profiter de la nature avoisinante lors de vos longueurs. Idéal pour les séniors, la natation favorise la détente et la relaxation, grâce au contact de l’eau sur la peau. C’est une activité douce et bénéfique pour l’ensemble des muscles du corps. Elle prévient également des maladies cardiovasculaires et agit sur les articulations.

Rencontrer du monde tout en bougeant

Prendre soin de soi mais accompagné, c’est possible ! Dudelange possède son Club Senior, appelé « Schwarze Wee » ( Résidence Liberté, au 48 rue de La Libération) .  

C’est un large éventail d’activités qui est proposé aux adhérents, moyennant une cotisation annuelle. Ainsi, la carte de membre donne accès à toute sortes d’activités sportives en groupe, comme l’Aquagym, de la dance, des randonnées, ou encore de la gym douce. Pour la coordination et les méninges, des exercices rythmiques pour les mains sont également organisés, tout comme des entraînements de la mémoire. Sans oublier la relaxation avec l’enseignement du Tai-Chi et du Yoga. Voilà déjà 16 années que le Club Sénior prend soin de ses membres et permet aux Dudelangeois de se rencontrer !

Les bienfaits de la marche à pied

À la portée de tous, la marche à pied peut être pratiquée à tout âge et ne nécessite aucune condition physique particulière. Souvent conseillée aux seniors, cette activité permet à chacun de préserver son capital santé et sa forme physique, tout en prévenant l’apparition de certaines maladies. Des promenades en groupe sont proposées par « Gesond Diddeleng » : rendez-vous tous les mercredis de 9h30 à 11h pour un bol d’air frais, au départ du Parc Le’h.

Une salle de sport en plein air !

Pour travailler l’équilibre, la souplesse et la force, la pratique du fitness est un allié pour la bonne forme au-delà de 60 ans. Et pour s’adonner à cette pratique, un espace extérieur est dédié à Dudelange : Le Senior Fitness, situé rue du Centenaire.

Accessibles à celles et ceux souhaitant pratiquer du sport en douceur, il est bon de rappeler que la combinaison d’efforts physiques modérés et d’exercices d’équilibre permet de maintenir la tonicité musculaire et de lutter contre les effets de la sédentarité. Et non, le sport n’est pas réservé qu’aux jeunes ! Vous l’aurez compris, la Ville de Dudelange encourage vivement l’atmosphère ludique des différentes pratiques sportives de loisirs, et ce pour tous les âges.


Fräizäitsport fir Senioren: Egal, wéi al Dir sidd, bleift a Beweegung zu Diddeleng!

Keng Generatioun gëtt zu Diddeleng ausgeschloss a scho guer net, wann et sech ëm Sport a Fräizäitaktivitéiten handelt. Well mer wëssen, datt aktiv sinn fir dat kierperlecht a mentaalt Wuelbefanne vun all Mënsch onofhängeg vum Alter ganz wichteg ass, si mir bestrieft, Léisunge fir eis Senioren unzebidden. Well d’Ausübe vun enger kierperlecher Aktivitéit et och erlaabt, géint d’Isolatioun unzegoen, mobiliséiert eis Stad sech, fir hir Awunner a Beweegung ze bréngen!

E puer Längten, fir a Form ze bleiwen!

Et ass bewisen, datt Sport maache gutt fir d’Gesondheet ass, a virun allem et erlaabt, aktiv ze bleiwen. Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt et eis Aufgab ass, eis ëm eis Bierger ze bekëmmeren. Dofir huet eis Stad sech mat qualitativ héichwäertegen Infrastrukturen an Equipementer ausstafféiert an de Sport fir jiddwereen zougänglech gemaacht.

Mir leeë jidderengem un d’Häerz, vun de Schwämmen an eiser Stad ze profitéieren. Et stinn zwee Basengen zur Verfügung. Deen éischten ass iwwerdaacht, huet sechs Schwammcouloiren a befënnt sech am Centre sportif René Hartmann. Deen zweeten ass net iwwerdaacht, soudatt d’Schwëmmer vun der Natur ronderëm kënne profitéieren, iwwerdeems se hir Längte maachen. Schwammen ass eng ideal Sportaart fir Senioren an de Kontakt vum Waasser op der Haut fërdert d’Entspanung an d’Erhuelung. Et handelt sech ëm eng duuss Aktivitéit, déi gutt fir all d’Muskele vum Kierper ass. Dës Sportaart beugt och Häerz-Kreeslaf-Krankheete vir an huet eng positiv Wierkung op d’Gelenker.

Sech beweegen an dobäi mat Leit zesummekommen

Et ass méiglech, eppes fir seng Gesondheet ze maachen an dobäi net eleng ze sinn! Diddeleng huet e Club Senior, dee „Schwaarze Wee“ heescht (Résidence Liberté, um 48 Rue de La Libération) .  

Hei gëtt de Memberen eng breet Palett Aktivitéite géint eng Jorescotisatioun ugebueden. D’Memberskaart gëtt Zougang zu all Zort Sportaktivitéiten am Grupp, wéi Aqua-Gym, Danzen, Wanderen oder duuss Gymnastik. Fir d’Koordinatioun an d’Gehier ze fërderen, ginn och rhythmesch Handübungen oder e Gediechtnestraining organiséiert. Fir d’Relaxatioun ginn och Tai-Chi- a Yoga-Coursen ugebueden. Zanter méi wéi 16 Jore këmmert de Club Senior sech ëm seng Memberen an erlaabt et den Diddelenger, beieneenzekommen!

D’Virdeeler vum Zufoussgoen

Trëppele goen ass a jiddwerengem senger Reechwäit, onofhängeg vum Alter, an erfuerdert keng besonnesch kierperlech Konditioun. Dës Aktivitéit, déi de Senioren oft gerode gëtt, erméiglecht et, gesond a fit ze bleiwen, a gläichzäiteg bestëmmt Krankheete virzebeugen. „Gesond Diddeleng“ bitt Gruppespadséiergäng un : De Rendez-vous ass all Mëttwoch vun 9:30 bis 11:00 Auer am Parc Le’h, fir an der frëscher Loft spadséieren ze goen.

Eng Turnhal am Fräien!

Fir d’Gläichgewiicht, d’Beweeglechkeet an d’Kraaft ze trainéieren, ass Fitness eng optimal Aktivitéit, déi et de Leit vun iwwer 60 Joer erméiglecht, a Form ze bleiwen. Fir dës Aktivitéit auszeüben, steet de Bierger zu Diddeleng en Ausseberäich zur Verfügung: De Seniore-Fitness an der Rue du Centenaire.

Fir déijéineg, déi Sport op eng duuss Aart a Weis dreiwe wëllen, soll drun erënnert ginn, datt d’Kombinatioun aus enger moderater kierperlecher Aktivitéit a Gläichgewiichtsübungen dozou bäidréit, de Muskeltonus ze erhalen an den negativen Auswierkunge vun der Sedentaritéit entgéintzewierken.

Also, Sport ass net nëmmen eppes fir Jonker! Wéi Dir gesitt, fërdert d’Stad Diddeleng eng spilleresch Atmosphär bei de verschiddene Fräizäitsportaarte, an dat fir all d’Altersgruppen.